Biker.lu invitéiert den 28. Februar op de Rare Disease Ride mam MTB duerch d’City.
Zum Ulass vum Internationalen Rare Disease Day si vill Sehenswürdegkeeten aus Solidaritéit mat de Leit, déi mat seltene Krankheete liewen, faarweg beliicht. Op eisem Tour fuere mir laanscht e puer vun dëse Sehenswürdegkeeten a lueden iech dono op e Patt an eppes Klenges z’iessen an.
Eng Spendenbox steet zur Verfügung, an den Erléis geet integral un d’ALAN, d’Associatioun fir Leit mat seltene Krankheeten zu Lëtzebuerg.
Key facts:
• Vëlo: MTB – Trapen inklusiv
• Distanz: ca. 30 km
• Gruppenstart: 17:30
• GPX-Datei: eenzel verfügbar
• Location: Straassen, Buvette Hall omnisports, rue Feyder
Registratioun fir den Tour an/oder d’Iessen ass gratis, mee obligatoresch.