CCR021-CCR040

DISCLAIMER

MOUNTAINBIKE KA GEFÉIERLECH SINN! Dir begéint och aner Benotzer vun dëse Weeër. Adaptéiert är Vitesse a Verhalen den Ëmstänn no, a setzt weder är nach anere Leit hier Gesondheet op d’Spill!

Biker.lu proposéiert iech hei Tier, iwwerhëlt awer keng Responsabilitéit iwwert eventuell Verletzungen oder Konflikter mat anere Leit.

*Gpx-Datei kämmen: eng Gpx-Datei aus dem GPS komplett op der Landkaart nozeechnen, fir dass keng Ofweichunge, Fehler, Pausen o.ä. méi dra sinn an de Benotzer herno eng propper Kaart virfënnt

BIKER.LU CCR021 Heffingen 28 Km /c.a. 500 Hm

Den Hiefenecher Tour, dee mir bei der Kierch starten, féiert eis no Norden bei d’Hiefenecher Antenne an no enger Schläif duerch de Fielser Bësch direkt an d’Supp.

Mir bleiwen ca 700 Meter op der neier Vëlospist fir dann direkt déi gëfteg Steigung op Waldhausen an Ugrëff ze huelen.

No ongeféier 10 km fuere mir duerch de Walddëstelpad ( grouss Usammlunge vun houx) a kommen dann op de Schiltzbierg bei d’Fierschterhaischen, wat mat Stréiballe gebaut gouf.

Mir passéieren am Guedberbësch d’Häertcheslee, dat eelste Steendenkmol vu Lëtzebuerg.

Nom Schwäibësch zu Guedber (schéine Weier) fuere mir lénks stramm biergop a Richtung Reiland a kommen da bei de Loschbur, wou 1935 deen eelste Lëtzebuerger fonnt gouf ( Skelett geschat op 8000 Joer)

http://g-o.lu/3/jWxg

BIKER.LU CCR022 (BERDORF)

Ee vun de Klassiker! De Mëllerdall mat all sëngen Highlights, wéi Jurassicparc, Halerbach, etc an zu gudder Läscht..de Réimerwee...en absolute Killeruphill, wou scho sou munch een ofgekackt ass.

De Mëllerdall ass emmer technesch, mat senge Schluchten, Trapen a Brecken... de Sandsteen meeschtens gut grëffëg an suguer no vill Reen ass den Terrain meschtens gut fuerbar!

Vill Spass beim Nofueren- a wéi gewinnt ass Feedback erwënscht!

http://g-o.lu/3/y3IS 

BIKER.LU CCR023 (Kautebach) 23 Km / 800 Hm

De Jón Gales huet eis  dësen Tour bäigesteiert!

Kautebach ass immens flott aus der Staat mam Zuch ze errechen!

Muss ech do vill soen? 23 Km 800 Hm...sidd do virsichteg iert der behapt, den Tour an enger Stënnche gemach ze hunn..

Et ass beileiwe keen Ufängertour, a vill Leit no denen 23 Km d'Box gut voll hun...oder bluddeg Knéien, well opgepasst, iwerall lauert messerscharfe Schieffer.

http://g-o.lu/3/3zaz

Vill Spass beim nofueren a Feedback wéi emmer erwënscht

BIKER.LU CCR024 (Mëllerdall)

Dësen Tour huet den Tom Poull eis opgezeechent!

Et ass en usprochsvollen Tour vu 32km am Mëllerdall mat vill Trailundeel a spassegen an techeschen Deeler bierop a biergof. E geet vum Mëllerdall (Parking bei der Heringermillen) op d’Vugelsmillen, ronderëm Befort an duerch d’Haupesch- an Halerbaach nees zeréck op dVugelsmillen. Vun do aus geet et nach emol technesch a stramm op Berdref vis-à-vis vum Priedegstull an dann floweg, spasseg an technesch neess zeréck an de Mëllerdall.

Et ass keen Tour fir Ufänger!!! http://g-o.lu/3/rgPO 

BIKER.LU CCR 025 CITYJUNGLE 1  20 Km / 500 Hm

Un där hei hun ech laang geheekelt...an ech si secher, dass se net jidderengem gefällt..déi eng wärten se ze ruppeg fannen, déi aner ze geféierlech..anerer bekloen sech iwwer zevill Trapen...

Kuckt iech d'Fotoen un, séi soe scho vill aus! Et ass eben eng Tour matten duerch d'Häerz vun eiser Haaptstaat, a gleewt mer, déi gëtt sou munches hier.

Waart op e schéine Summerdaag a fuert déi Tour oof, a soot mer waat der dovun halt.

AWER OPGEPASST: och wa se nemmen 20 km a 500 Hm huet, et ass keng Ufängertour-se ass secher schwéier, platzeweis och geféierlech. Hei sin Trapen an Trapen an Trapen a Serpentinen a ruppeg Wuerzelpassagen an Trapen a Pawée an Trapen a Singletrail an Trapen dran..a virun allem: Trapen, an e puer Highlights aus eiser flotter City..ah jo, an Trapen.

http://g-o.lu/3/hifC

Nofueren erwënscht (bleiwt ganz) a Feedback erwënscht. 

BIKER.LU CCR 025 CITYJUNGLE 2  27 Km / 500 Hm

CCR026 CITYJUNGLE 2

28 km / 650 Hm

Nom Cityjungle1 hei erem en Tour, dee sech secher NET un Ufänger adresséiert:

Start/Ziel ass nees um Glacis, och bei desem Tour geet et direkt op de Lampertsbierg, an ouni Virwarnung kennt och dann déi éischt brutal Trap an de Pabeierbierg. (Hei wierklech nemme fuere, wann et drechen ass!)

Ennen zu Eech ukomm, fuere mer d'Millegässel*** op d'Eecherfeld, vu wou et iwwer flott Trailer op Beggen geet. Hei déi 2. nennenswäert Montée bei der russescher Ambassade...

Irgendwann féiert och dese Wee op d'3 Eechelen, allerdengs geet et des Kéier net an de Paafendall, ma a Clausen erof, waat och déi absolut schwéierst Descente an desem Tour ass....enk Trapen mat 6 scharfe Serpentinen..

Vill Spass beim Nofueren, Feedback ass erwënscht !

http://g-o.lu/3/jBV5

CCR027 DALHEIM  35 / 45 Km (600 / 800 Hm)

CCR027 DALHEIM 

Start/Ziel: Beim Adler zu Duelem

Kilometer: 45 alternativ 35 

Héichtemeter: 900 alternativ 650

Konditioun: dee 45er huet schon eppes...

Technik: licht

Landschaft: ganz schéin

Sehenswürdegkeeten: ziemlech vill

Graveltauglech: absolut

Waat mëcht eng schéi MTB-Tour aus? E bessi Trail, e bessi Technik, vill schéi Landschaften a Sehenswürdegkeeten, a wéinstens ee fetten Challenge! Da gidd der hei zervéiert. Vill Steckelcher Single, nach méi flott Feldwé'er, Monumenter, pitoreskt Dierfercher, an zum Schluss e richteg knackegen Uphill vun 140 Meter um Steck. Mir hunn hei 2 Varianten (eng 35er an eng 45er) gebroden.

Nota: Ech hunn deen Tour mam "Local" Patrick senger tatkräfteger Ennerstetzung ausgeschaft, ouni hien wier daat näischt ginn! Wéi gewinnt ass Nofueren a Feedback wäermstens erwënscht

http://g-o.lu/3/SxiB

CCR028 JUNGLINSTER 30 Km 750 Hm / 49 Km (1100 Hm)

CCR028 JONGLËNSTER 

Start/Ziel: Bei der Gemeng zu Jonglënster

Kilometer: 49 alternativ 30 

Héichtemeter: 1100 alternativ 750

Konditioun: licht-medium

Technik: licht-medium

Landschaft: ganz schéin

Sehenswürdegkeeten: ziemlech vill

Graveltauglech: absolut

Dësen Tour ass ass technesch net usprochsvoll, konditionnell huet, besonneg dee groussen awer su munches ze bidden! Direkt vum Start u geet et kwasi 100 Meter bierg op an et taucht een direkt an d'Trail'en em Buerglënster an. Onverkennbar d'Auslëefer vum Mëllerdall, geet et duerch dem Grand-Duc säi Bësch (Grëngewald), wou sech béid Strecken trennen. Dee groussen Tour féiert laanscht de Schätzel, d'Raschpëtzer an d'Fautefiels zreck an de Grengewald, wou béi Strecken erem openeen faalen. De Retour geet zD iwwer de Mëllerdalltrail zreck op Jonglenster. Eng Tour fir Natur- a Kulturliebhaber, ganz ähnlech wéi den CCR027.

http://g-o.lu/3/ul3s

Nofueren a feedback erwënscht

CCR029 BASCHLEIDEN NORD A SÜD

CCR029 Baschleiden NORD

Start/Ziel: Bei der Kierch zu Baschleiden

Kilometer: 29

Héichtemeter: 650

Konditioun: medium

Technik: medium-schwéier

Landschaft: ganz schéin,  zu deene schéinsten hei am Land

Sehenswürdegkeeten: ziemlech vill (Stau, Fatima, Point de vue Tempelskamp, Singletrail Poutert..)

Graveltauglech: bedingt


CCR029 Baschleiden SÜD

Start/Ziel: Bei der Kierch zu Baschleiden

Kilometer: 28

Héichtemeter: 850

Konditioun: medium-schwéier

Technik: medium-schwéier

Landschaft: ganz schéin,  zu deene schéinsten hei am Land

Sehenswürdegkeeten: Point de vue Tempelskamp, Misère, Bungerefer Millen, Bauschelter Millen, Entrée vun der Sauer an d'Land)

Graveltauglech: bedingt

Ganz WICHTEG: Béid Toure sinn UNIDIREKTIONNEL, de falsche Wee fuere mecht hei weder Sënn nach Spass!

http://g-o.lu/3/iq8L

Nofueren a feedback erwënscht

CCR030 STOLZEBUERG "NATUR"

CCR030 STOLZEBUERG "NATUR"

Start/Ziel: Parking bei der Breck zu Stolzebuerg 

Kilometer: 30

Héichtemeter: 800

Konditioun: medium

Technik: licht-medium

Landschaft: ganz schéin,  zu deene schéinsten hei am Land

Sehenswürdegkeeten: ziemlech vill (Vianden mat der Buerg awer och d'Bildchen, an de Steg laanscht d'Our zu Stolzebuerg avm)

Graveltauglech: jo

Tour vum Pit Scholtes

Link bei d'Gpx: http://g-o.lu/3/bT1i

CCR031 STOLZEBUERG "TRAIL"

CCR031 STOLZEBUERG "TRAIL"

Start/Ziel: Parking bei der Breck zu Stolzebuerg 

Kilometer: 28

Héichtemeter: 1.100

Konditioun: schwéier

Technik: schwéier

Landschaft: ganz schéin,  zu deene schéinsten hei am Land

Sehenswürdegkeeten: ziemlech vill (Bassin supérieur, Buerg Vianden, Burg Falkenstein, Ourdall, Bivels)

Graveltauglech: nee

http://g-o.lu/3/SRMu

Tour vum John Gales

CCR032 WILD WILD WEST1 ROODT/ELL

CCR032 ROODT/ELL

Start/Ziel: Parking bei der Kierch zu Roodt/Ell 

Kilometer: 32+8

Héichtemeter: 700+150

Konditioun: liicht bis mëttel (eng ganz laang schwéier Montée dran)

Technik: ganz einfach

Landschaft: ganz schéin, wäit Vueën

Sehenswürdegkeeten: Kleng Dierfercher

Graveltauglech: absolut

GEOPORTAIL: http://g-o.lu/3/Psxx

Tour vum Heng FAUTSCH a Santiago FERNANDEZ

CCR033 WILD WILD WEST 2 Bëschrued

CCR033 Bëschrued

Start/Ziel: Am Duerf

Kilometer: 39

Héichtemeter: 800

Konditioun: liicht bis mëttel (2 gëfteg Steigunge viru Kéiber an Heeschpelt)

Technik: einfach

Landschaft: schéin

Sehenswürdegkeeten: Randschelt (dat klengsten Duerf zu Lëtzebuerg mat nëmmen 1 Awunner) Onbedéngt d’Kiirch kucke goen (bannen a baussen)

No Éischt (Eschette) passéiere mir um Fouss vum Schurelserschlass

Graveltauglech: absolut

SingleTrail : just 1(Meditatiounspad Randschelt)

GEOPORTAIL: http://g-o.lu/3/z4EG

Dësen Tour huet de Pit Scholtes ausgeschafft.

CCR034 WILD WILD WEST 3 KIETSCHT (Koetschette)

CCR034 Kietscht (Koetschette)

Start/Ziel: Parking Futtballsterrain

Kilometer:  35 (alternativ 32)

Héichtemeter: 800 (800)

Konditioun: liicht bis mëttel (bon, et ass d'Eisleck)

Technik: einfach bis mëttel (de Gros vun der Streck féiert iwwer Feldwé'er, awer e puer Singletrailer si manner einfach.

Landschaft: schéin, ee vun deene schéinsten Tiir am Land

Sehenswürdegkeeten: Natur pur, Steenskulpturen

Graveltauglech: absolut

GEOPORTAIL: http://g-o.lu/3/r2Dk

Dësen Tour huet de Pit Scholtes ausgeschafft.

CCR035 SCHENGEN

CCR035 SCHENGEN 3Lännertour

Start/Ziel: Parking ënnert der Breck

Kilometer: 39

Héichtemeter:  1.000

Konditioun: liicht bis mëttel (un der Musel ass et net emmer flach)

Technik:  mëttel bis schwéier (och wann immens vill flotte Feldwée dran ass, ass genuch Singletrail fir engem dauernd nees e grousst Grinsen op de Mond ze molen.

Landschaft: wonnerschéin, andauernd d'Musel an Wëngerten am Bleck.

Sehenswürdegkeeten: Musel, Schengen, Sierk

Graveltauglech: wanns de fuere kanns

GEOPORTAIL: http://g-o.lu/3/63pE

Dësen Tour huet de Christophe "Hampel" Gloden ausgeschafft.

Méi Touren deemnächst...