GPS ROUTING/TRACKING

GPS – ROUTING/ TRACKING


Vill Posten hei am Facebookgrupp handelen ëm d’Genauegkeet vum GPS um Mountainbike.

Das “A und O” vun engem Navi ass Routing oder Tracking an ech versichen dat nach eemol hei ze erklären

ROUTING

Routing kenne mir vun der Navigatioun aus dem Auto. De Navi weess, wou mir eis de Moment befannen. Mir ginn eisen Zielpunkt( evt Zwëschestoppen) un, wielen d’Manéier (séierste Wee, kierzeste Wee asw) un. Opgrond vun dësen Donneeën errechent den Navi d’Streck a féiert eis zum Zil. Dëse System funktionnéiert meeschtens gutt am Auto an um Stroossevëlo, mee ass absolut net um MTB ze gebrauchen.

Firwat: D’Weeër , déi den Navi upeilt musse routing-fäheg sinn (sinn se awer bei wäitem net all). Wann op eiser Kaart en Track feelt, kann den Navi sech net méi richteg lokaliséieren. E sicht dann erëm op ee Wee ze kommen, deen him bekannt ass a leed eis kräiz a quer duerch d’Pampa. Dee Moment geet de Biker dovunner aus, datt den Navi futti ass et net méi ze gebrauchen ass. Och wann am Bësch dGPS-Genauegkeet net perfekt ass (Blieder un de Beem, Schluchten asw ) gëtt den Navi net méi eens an drifft of.

TRACKING

Ass déi eenzegt richteg Méiglechkeet um MTB. Ech luede main Track (Strich) op den Navi, losse mer deen op der GPS-Kaart uweisen genau wéi d’Plaz op där ech mech grad befannen (Punkt) Sou kann ech z.B op Ofzweigunge selwer entscheeden, wouhin ech muss fueren.

Klengen Nodeel vum Tracking: e weist mer beim Start net un, a wéi eng Richtung den Tour geet.

Pit Scholtes

Fiert zanter 2004 mat GPS an huet vill zu der Entwécklung vum Geoportail bäigedroen.