GPS KAARTEMATERIAL

GPS-KAARTEMATERIAL

Et ginn 2 verschidden Zorte vu Kaarten:

Eng RASTERKAART ass eng digital Foto (gerastert) vun enger normaler topografescher Pabeierkaart. Dëss Kaarten hunn eng grouss Genauegkeet vun Héichtelinnen, Geländestrukturen asw. D’Ausgesinn an den Inhalt entsprieche genau den Donneeën vun enger Pabeierkaart.

Beispiller : fir Lëtzebuerg d’Kaarte vum Kadaster (déi d’Basis fir de Geoportail sinn), fir Däitschland Topo Kaarten, a Frankräich sinn et d’Karte vum IGN, oder och nach Kompass-Kaarten.

Iwwregens schafft de Kadaster aktuell drunn, d’Kaartematerial vu Lëtzebuerg ze aktualiséieren.

Rasterkaarte kënnen NET an de Navi eropgeluede ginn.

Eng VEKTORKAART ass kee Bild a besteet net aus Pixelen wéi d’Rasterkaart, mee aus engem System vu Linnen a Punkten. Vektorkaarte sinn intelligent Kaarten, wou Elementer (Stroossen, Weeër) an- oder ausgeblend kënne ginn. Déi erlaben dann um GPS méi oder manner Informatiounen um Bildschierm unzeweisen.

Et ginn déi offiziell Kaarte vu Garmin. Ofgesinn dovunner, dat déi bezuelt musse ginn, hunn si dee groussen Nodeel, datt bei hinnen keen automateschen Update kënnt a virun allem besteet eng Differenz vun ongeféier 20 Meter zur Realitéit, d.h. een opgezeechenten Track läit ëm 20 Meter nieft dem Kaartebild.

Ech recommendéieren d’Openfietsmap  http://www.openfietsmap.nl/downloads/bnl_full

Den Deel Benelux kritt all Woch säin Update. Den Deel Europa kritt ëm 2 Update pro Joer.

Dëss Kaarte si gratis (Openfietsmap freet sech awer op e klengen Obolus !!). Ausserdem ass ee bei dëse Kaarten ëmmer um leschte Stand.

Fir kënne mat Vektorkaarten ze schaffen, muss een de Basecamp oder/an de Mapsource op sengem Computer installéiert hunn.

Fir Opensource Kaarten (Gratis Kaarten) kënnen op de GPS ze lueden, brauch een de Mapsource. De Basecamp erlaabt déi Aktioun net!

D'Programmer Mapsource oder Basecamp erlaaben d’Kaartematerial erofzelueden an op den GPS ze transferéieren. Hei kann ee selektiv seng Kachelen (rechteckeg Kaartenausschnëtter) uwielen an op den Navi lueden fir net missen eng komplett Kaart vun ganz Europa op d’Gerät ze huelen (Déi verbrauch enorm Resourcen/Vitesse/Späicherplaz).

Bei Problemer mat Basecamp kann een eventuell probéieren en anere Browser ze benotzen.

Link fir béid Programmer erof ze lueden:

https://www8.garmin.com/support/download_details.jsp?id=209

https://www.garmin.com/de-DE/software/basecamp/