More FUN with better SKILLS!
HAVE YOU ALREADY SIGNED UP FOR OUR NEWSLETTER?
More FUN with better SKILLS!
Moies 3 intensiv Stonne Fuertechnik.
Moies 3 intensiv Stonne Fuertechnik, em 12 h e klenge Picknick (w.e.g. selwer matbrengen) an ab 13h nach 3 Stonne Praxis
Villäicht eent vun deene wichtegste Kapitelen am Mountainbike ass d'Thema Noutbrems, dat heescht, an enger onverhoffter Situatioun esou séier wéi méiglech de Bike un d'Stoen ze kréien, ouni dobäi de Kopplabunz ze schloen. Dozou soll fir d'Éischt gesot ginn, dass d'Bremskraftverdeelung zum gréissten Deel (c.a. 70 %) op där viichter Brems läit (dat ass jo bei alle Gefierer esou). Fir dass dobäi dat viicht Rad net ewech schmiert an ee ganz blöd mat der Nues an de Buedem geet, gehéiert heizou vill Fangerspëtzegefill.
An deem Beräich, wou also dat viicht Rad BAL blockéiert an dat hënnescht um Punkt ass, ofzehiewen, sollt d'Kierpergewiicht esou wäit méiglech no hanne verlagert ginn. Dat huet als Konsequenz dass de Bike hannen net esou séier ofhieft (dir also net esou liicht no fir erof flattert) AN dass och d'Bremswierkung vum hënneschte Pneu ka matwierken. Hei sief och nach emol erënnert un den Drock am Pneu, dee bei max. 2.00 Bar (bei Tubless däitlech manner!) optimale Gripp vermëttelt.
Villäicht hues du dech op enger Randonnée scho gefrot, wéi déi Leit et maachen, déi all géi Montée erop kommen, egal wéi schmiereg oder stengeg se ass, ob géi oder mat Wuerzelen.... Fir dass de Bike weder hannen duerch dréit, nach sech vir hieft, muss d'Gewiicht esou verdeelt ginn, dass dat hënnescht Rad dauernd Gripp huet (dofir brauch et also nëmme BEGRENZT Kraaft) an dat viicht Rad genuch Buedemkontakt fir ze lenken-muss also nëmme ganz wéineg sinn.
Dës Sëtzpositioun gëtt am beschten doduerch erreecht, andeems ee wäit no vir, op d'Spëtz vum Suedel rutscht (oho), an den Uewerkierper esou wäit no fir béckt (duerch d'Flexe vun den Ärem), dass ee bal an de Guidon ka bäissen. An Funktioun vum Terrain kann een dann ëmmer erëm liicht d'Positioun änneren, fir méi oder manner Traktioun um hënneschte Rad ze kréien. Och hei sief erëm drun erënnert, dass ee mat MANNER Drock am Pneu wesentlech méi Gripp kritt: eisen Tipp: max 2.00 Bar.
D'Biergooffueren, respektiv iwwert en héijen Oofsaz erof fueren, mécht ville Leit Angscht, ass awer net sou geféierlech oder spektakulär wéi een oft den Androck huet-wat, vun uewen gekuckt, aus der Perspektive vum Biker dacks respektaflössend ass, entpuppt sech als Peanuts, wann ee bis richteg an dee Biergof engagéiert ass. Et ass virun allem wichteg, mat der richteger Vitesse un sou eng Descente erun ze goen, net ze séier, awer och net ze lues, dass een d'Gläichgewiicht verléiert, an quasi an den Downhill trëllt.
Och hei ass de Bléck wichteg: kuerz de Wee "scannen", nom Ausgank sichen, op kee Fall eventuell Beem oder déck Steng mam Bléck fixéieren, soss geet et riicht do dran!. Soubal dat viicht Rad an de Biergof kennt, de Bike also no vir erof kippt, muss de Biker dëst Ooftauchen duerch en Verlagere vum Kierpergewiicht no hanne kompenséieren. D'Bremse ginn heibäi ganz doséiert gedréckt, déi viischt mat ganz vill Gefill, an och dat hënnescht Rad soll net hannert dem Biker gerutscht kommen.
Am Ausgank vun der Descente net vergiessen, d'Kierpergewiicht nees iwwert de Vëlo ze verlageren, soss kéint een, no der Descente, ënner Ëmstänn um Réck landen, wann de Vëlo engem no vir tëscht de Been fort geet.
D’Serpentinen, also ganz enk a schaarf Kéieren, dacks kommen der e puer hannert eneen, schrecke vill Biker of. Déi ginn da léiwer e puer Schratt zu Fouss, wéi de Risiko anzegoen, sech ze tässelen.
Dobäi ass d’Technik, fir des Kéieren ze fueren, denkbar einfach a logesch: Grondsätzlech sollt een (bei all Richtungswiessel) de Kapp an d’Richtung dréien, an déi ee wëllt fueren-doduerch gin d’Schelleren anengems matgedréit, an de Guidon follegt dëser Bewegung an déi gewenschte Richtung.
Liicht bis vill hannert de Suedel goen ass och je no Schréit vum Terrain sennvoll. An der Kéier sollt op déi hënnescht Brems verzicht ginn, well dëst dax de Bike hannen zum Rutsche bréngt an e seng Manövréierfähegkeet verléiert.
Net ganz anescht wéi e géie Biergop, ass bei der Serpentine bierg op d'Sëtzpositioun wichteg: genuch Drock um Guidon fir dass dat viicht Rad nach kann em den Eck dréinen, an genuch Drock um hënneschte Rad fir Traktioun ze hunn.
De Gang sollt net ze schwéier gewielt gin, well hei e fléissend Pedaléiere wichteg ass fir d'Gläichgewiicht ze behalen. De Bléck, genau wéi bei der Serpentine biergof, gehéiert e puer Meter virun dat viicht Rad, genau dohi wous de wëlls fueren!!
Soubal's de iwwert d'Halschent vun der Kéier ewech bass, Kapp hiewen a bewosst an d'Richtung Trail dréinen.
Du fiers e Bier erop..bass scho frou dass de en bal gepackt hues..an da steet sou eng Wuerzel de quesche Wee iwwert den Trail, du fiers mam viichte Rad derwidder, an dann ass Schluss..
Dat muss net sinn, mir weisen der, wéis de, bierg of an bierop, liicht iwwert en Hindernis ewech kenns, sief et am Stoen, oder am Sëtzen!
STS-SINGLETRAIL SCALA
Waat zum Henker ass dat? E puer Däitscher hunn sech ameséiert, d'Singletrailen (deutsche Gründlichkeit!!) anzeklasséieren, hei wat dobäi eraus kennt: STS Ech iwwerloossen awer jidderengem dovun ze hale wat en well!