Hei eng kleng Auswiel vu Mountainbiketouren, déi een hei am Land ka fueren. Déi meescht Toure sinn aus eisen Archiven, verschiddener krute mer awer och vu lokale Kolleege bäigesteiert! 

E ganz grousse Merci geet un de Pit SCHOLTES vu bididu, dee ganz vill gehollef Gpxdateien ze "kämmen*", Fotoen an Toure bäigesteiert an säi Geoportailwëssen afléisse geloss huet!

All eis Kaarte sinn op Geoportail, de Kaartesite vum lëtzebuerger Kadaster, ze fannen.