BIKEN ZU LETZEBUERG
Link déi offiziell Parcouren vum ONT
http://www.visitluxembourg.com/fr/que-faire/nature-excursions/vtt
(Kuck och nach d'Ennerrubriken!)
Letzebuerg, daat soll mol fierewech gesoot sin, ass en regelrecht Bikerparadies!! Zwar gin et hei keng 3000er, dofir awer onendlech vill Bescher, flott Singletrailer, vun breeden "Autobunnen" bis hin zu kniwwelegen Singletrailen ass alles dobäi, waat en Bikerhärz sech wenscht! Lues a lues soll des Säit och mat GPS-Daten gefiddert gin, sou dass een déi flottsten Strecken aus dem Land kann nofueren...Mat enger "4Stärenklassifikatioun" soll een sech dann do och eremfannen:
4 Stären:
3 Stären:
2 Stären:
1 Stär:
Fir eng kleng Iwersiicht ze kréien, deelen ech d'Land mol an 5 Régiounen an:
Vill Koppen, vill Hm, vill Singletrail
OSTEN (Mousel an den Mellerdall)
Schéin breed a gemütlech Wé'er duerch d'Wengerten un der Musel, wéineg Technik, awer genuch Héichtenmeter. Am Mellerdall ass alles aanescht: Brutalst Singletrails, Traapen, Technik Technik Technik...
Den Westen bidd genuch Héichtemeter, mat den Ausleefer vun den Eisleker Koppen, awer och genuch schéin Singletrail, zB em den Stau...ennerschätz nie den Westen!
Een deen aus dem Minette kennt, beherrscht d'Technik: duerch déi aal Carrièren féieren flott Spazéierwé'er awer och Singletrail bis zum oofwenken-opgepasst: haalt d'Hm am Aa...
Eischter méi braav Pisten am Baambesch, zu Hesper an am Obler Besch-awer opgepasst: een deen sech hei gut auskennt, kritt och super Tiir op d'Rei! D'Staat selwer bidd och déi eng oder aner Iwerraschung...
Strecken, déi sech gewäsch hun: hei gett jidderee midd, egal wéi gut en duerchtrainéiert ass. Et sin Strecken, déi em 100 Km hun, an déi och technesch usporchsvoll sin. Débutants s'abstenir :-)
Hei probéieren ech, déi schwéierst Uphills, déi mer an eisem Ländchen hun, ze beschreiwen. Wanns du der nach kenns, déi net hei dran stinn, so mir bescheed!