2. OSTEN

Am Osten vum Land, laanscht d'Mousel, gett ganz vill Stroossenvelo gefuer, well sech déi breet an flaach Pisten gut dofir eegenen. Allerdings steet den "Bierg" am Ausdrock "Wäinbierg" net emsoss: tescht den Wengerten gin, meeschtens asphaltéiert, extrem knackeg Feldwé'er erop/erof, an an den Bescher dertescht verstoppen sech och eng Partie flott Touren fir Mountainbiker. Hei gett awer un eischter Stell en Biker fündeg, deen gemüterlech Touren sicht.

Méi nördlech, an der Echternacher Géigend, ass et eng ganz aaner Geschicht: hei leeft en Weenetz duerch den Mellerdall, deen all Bikerhärz méi schnell schloen deet-déi eng vun Angscht, déi aaner vun Begeeschterung!

Den Mellerdall bidd technesch Trailen wéi se net méi schéin kéinten sin, vum Allerfeinsten (zB d'Descente vun der Haalerbaach), wien sech awer hei net gut auskennt, riskéiert, säin Bock dachs ze droen-well verschidden Passagen einfach nemmen een Wee fuerbar sin.

Een, deen hei fiert, deet gut drun, vill Fiederwee mat ze brengen-hei brauch en es. Et sollt een och d'Proximtéit zu der Eiffel net vergiessen, hei sin Koppen dran, déi engem dei läschten Schweespärel aus den Poren dreckt (zB den Réimerwee vum Grondhaff op Berdorf erop-200 Hm op engem Km, an daat Ganzt iwert schlechten Pavé!!!)

Dass et am Mellerdall awer och gemüterlech geet, beweisen d'

Coolbikers all Joers erem mat hierer Rando: knackeg Koppen sin do genuch dran, et mecht een sech midd, awer et muss een net Cascadeur sin, fir des Rando ze fueren.

Déi westlech Ausleefer vum Mellerdall, also d'Géigend em d'Fiels, faalen en Tick manner brutal aus, sin awer eischter e Geheimtip, well ziemlech wéineg befuer. Hei organiséiren d'Le vum 

VC Filano zanter 2009 eng Randonnée mat ganz groussem Succès.

Den Office Régional du Tourisme Région Mullerthal-Petite Suisse Luxembourgeoise huet zanter 2011 och sou Munches a Punkto Mountainbike ze bidden. Ennen bei den GPS Tracks sin och d'PDF-Prospekter vum ORT Müllerthal ze fannen.Klick op de Logo fir direkt bei den ORT ze kommen.

Bikeshops am Osten sin:

Trisport ->Larry (Echternach+Nidderanwen)

 Numm vun der Streck

DOWNLOAD ganz ënnen

 Osten 1

 Osten 2

 Osten 3

 Osten 4

 Osten 5

 kuerz Beschreiwung

absoluten Highlight hei am Land!! Départ Berdorf, mat JurassicParc, Descente op den Grondhaff, Haalerbaach, Réimerwee. Desen Tour ass technesch ganz usprochsvoll, physech usprochsvoll, landschaftlech iwerwältegend

© Gilbert Jacobs 

 Start/Ziel vun deser gemütlecher Familljentour sin zu Rood/Syr um Parking vun der Gare. Kaum Schwieregkeeten op deser Tour, jidderengem zougänglech, eng hallef Dosen Singletrails, e puer Km Macadam, an schéin, wäit Vu'en iwert eis Landschaft

Merci un den Moris Treinen fir den Tour

 Den Tour geet fort zu Duelem um Parking Fussballs'Terrain. En féiert iwert gemütlech Duerfstroossen, flott Feldwé'er an rasant Singletrailen duerch de Syrdall. Technech ass denTour just ganz wéineg, mecht awer richteg Spass iwert déi Kilometerlang Trailen ze blosen. Film vum Tour 

35 km 588 Hm

Guide war de Wäissen (Patrick Penning)

Schanz-Desen Tour ass wierklech nemme fir Leit, déi et sou wellen! De Bike gett op ville Platzen d'Trapen erop gedroen, dofir sin d'Singletrailen an déi Technech Passagen wuel duerch näischt ze toppen! Opgepasst: desen Tour ass EXTREM technesch! 350 km, 850 Hm

Grousse Merci un de Pat Faber

an den Änder Meyers déi eis beim Zesummestelle vun deser Tour gehollef hun!

En absoluten GEHEIMTIP! Manternach ass enner Biker wäitestgehend onbekannt, d'Revéier ass och net ganz grouss, et läit awer an engem herrleche Canyon an et ass e flott Weenetz do! Awer opgepasst: d'We'er sin zD ganz schwéier. Pass w.e.g. op, dass der speziell hei keng typesch Bikerspueren hannerlosst

Desen Tour huet 30 km /800 Hm

 

 Erliewniswert

 

 Technik

 

 Konditioun

 

vill Foussgänger :-(

wéineg Foussgänger :-)

 

hei awer opgepasst:

an den Schoulvakanzen sin Sonndes moies platzeweis (zB Haalerbaach) vill Foussgänger ennerwee

De Widdebierg ass héich...an do fiert ee gläich e puer mol rop...

kaum Foussgänger ennerwee

Keng richteg béis Monté'en, awer dovir dauernd erop an erof

kaum Foussgänger

-awer opgepasst, den Tour féiert op e puer Meter iwert en Fitnessparcours.

Vill Platzen geféierlech,

resp. suguer

fir

experimentéiert

Biker eng Rausfuederung!

well vill Trapen dra sin wou biergop gedroen gett

Mir hun de 15.5. (Sonndes moies) op deene 35 Km vläit 5 Fousgänger begéint-daat kéint awer an der Touristesaison anescht sin!

Platzeweis 4 Stären!!

GPS-TRACKS +PDF-Documenter