3. ROHLOFF

D'

AG ass e klengen däitschen Betrieb, deen eng Nuewenschaltung entweckelt huet, déi zanter Joeren gut funktionnéiert, ziemlech kulteg ass, an och eng grouss Fan-Community huet.

Zwar faalen bei der Rohloff eng Partie Komponenten ewech (viischten & henneschten Dérailleur, viischten Schaltgreff, Kassette an 2 viischt Plateau'en), dh do gett vill Gewiicht agespuert, an och vill Schaltproblemer sin domat vun fiereran ausgeschloss,

awer -

d'Konstruktioun huet een Noodeel: ziemlecht héicht Gewiicht um henneschten Rad.E Bunnyhop gett domat sou schwéier wéi mat engem Hometrainer. Geschenkt ass d'Speedhub och net (Lëschtepräis tescht 850 an 1050 €, je no Ausféierung), an verschidden Leit beschwéieren sech iwert daat Geräisch, waat se an verschiddenen Gäng mecht.Allerdings, fir deen, deen daat net intresséiert: d'Konzept ass am Gewiichtvergläich zu enger klassescher Schaltung ziemlech intressant an quasi absolut Wartungsfräi!-kuck der et awer am bäschten direkt selwer un: Klick!-ob däin Bike eng Rohloff kann agebaut kréieng, fenns du hei: Klick!