TRAINING

GA1...emmer nees GA1... sou wichteg, an vun villen Leit net erkannt: Grundausdauer ass de Grondsteen vun all Ausdauersportart. Eng zollit Basis leet een mat GA1, also Biken am Beräich vun 70% vun der maximaler Härzfrequenz. An deem Beräich kann een (baal) onendlechlaang fueren, verbrennt vill Fett, an et baut een eng ganz zolit Basis op.

Leider begéinen ech emmer erem Biker, déi vum eischten Pedal-trett un alles gin, an no kuerzer Zäit platt sin.

Natirlech kann een och speziell Intervall-Unitéiten an Krafttraining alé'en, awer vir déi meescht "Fräizäitbiker", dei also fueren fir Spass ze hun an gesond ze bleiwen, ass daat eischter niewensächlech. Och vir oofzespecken, gett oft falsch gefuer: och hei gellt-leiwer 3-4 Stonnen gemütlech am gringen Beräich fueren, wéi 1,5 Stonnen mat roudem Kapp fueren.

Wéi erkennen ech dann elo, op ech nach "am gringen Beräich" sin? Entweder, am einfachsten, ech poteren mat den Kollegen-wann daat net méi geet, sin ech schon ze schnell ennerwee-oder déi méi deier an prezis Alternativ: Bolsmiesser!