KRANKHEET

Déi Leit, déi regelméisseg Sport machen, sin zwar oft méi resistent gengt Erklältungen wéi anerer, awer och sie sin net 100% virun enger wanterlecher Grippe geschützt!Hei gëlt op alle Fall: bei engem klengen Schnapp schued e bessi Schweessen näischt, awer soubaal eng richteg Gripp mat Féiwer een gepaackt huet, soll een sech komplett auskuréieren, op kee Fall mat Féiwer op den Bike....daat kann d'Saach drastesch Verschlemmeren an dramatesch Konsequenzen hun, wéi zB d'Enzundung vum Härzmuskel. Also, léiwer eng oder zwou Wochen ganz Paus, wéi eng Gripp méintlaang verschleefen!