IESSEN AN DRENKEN

Wann een gesäit, waat verschidden Leit op enger 30 Km-Tour Iessen, kann een sech dach schon mol d'Froo stellen: mecht daat iwerhaapt Senn?Een steet fest: waats de méi Fit bass, waats de ennerwee manner Powerbar'en muss verdrecken-ma wéi schnell geet sou een Powerbar iwerhapt an d'Blut iwer? Bei enger Tour vun 2-3 Stonnen mecht et net vill Senn, 500 gr Powerbar ze verdrecken, well déi kommen bäschtenfalls kuerz no der Tour do un, wou se sollen.

Et ass emmer erem witzeg ze gesinn, wéivill Kalorien d'Leit sech op den Ravi'en vun den Randonné'en eran geheien-wéi wann se wochenlaang näischt méi ze Iessen kritt hätten.

Méi sennvoll ass et, eng Stonn virun der Tour eppes festes ze Iessen (zB Vollkärbrout). 

Allerdings: wann et sech em méi grouss Touren handelt (iwer 3 Stonnen) sollt een schon regelmeisseg e Mauffel zou sech huelen (zB all hallef Stonn emol an sou e Riegel bäissen), well wann een dee berüchtegten Hongerast bis spiert, ass et schon ze spéit: da gees de an d'Getten!

Mam Drenken ass et e bessi anescht: regelméisseg (all 1/4 Stonn zB) e Schlupp geholl ass wichteg fir Krämpercher ze verhenneren, awer och allgemeng fir dem Kierper nees flessegkeet zou ze féieren. Am aneren Fall

riskéiert een Dehydratatioun, waat zu seriösen Schied (Nieren, A'en etc) kann féieren. Waat een drenkt, hängt hei erem vun der Dauer vun der Tour oof-bei klengen Touren (1-3 Stonnen) an normalen Tempraturen geet Waasser duer. Steet méi eng grouss Tour um Programm, mecht et Senn, eppes dem Waasser bäizemeschen (ech fueren an deem Fall mat engerm Spruddelwaasser/Äppeljus-Mix am Verhältniss 3/1). Hei sin déi néideg Salzer an Kuelenhydrater dran, déi schnell kennen opgeholl gin.Natirlech gin et hei deier Pudderen fir dem Waasser bäizemeschen, den eenzegen Ennerscheed ass awer deen, dass de duerno méi déier pissen gees :-)

Hei nach vläit een Tip: Drenk nie während enger Montée, deng Muskelen brauchen do de Maximum un Sauerstoff an kennen sech do keen Aussetzer vun der Ootmung (fir ze Drenken) leeschten...