Hei eng kleng Auswiel vu Mountainbiketouren, déi een hei am Land ka fueren. Déi meescht Toure sinn aus eisen Archiven, verschiddener krute mer awer och vu lokale Kolleege bäigesteiert!

E ganz grousse Merci geet un de Pit SCHOLTES vu bididu, dee ganz vill gehollef Gpxdateien ze "kämmen*", Fotoen an Toure bäigesteiert an säi Geoportailwëssen afléisse geloss huet!

All eis Kaarte sinn op Geoportail, de Kaartesite vum lëtzebuerger Kadaster, ze fannen.

DISCLAIMER

MOUNTAINBIKE KA GEFÉIERLECH SINN! Dir begéint och aner Benotzer vun dëse Weeër. Adaptéiert är Vitesse a Verhalen den Ëmstänn no, a setzt weder är nach anere Leit hier Gesondheet op d’Spill! Biker.lu proposéiert iech hei Tier, iwwerhëlt awer keng Responsabilitéit iwwert eventuell Verletzungen oder Konflikter mat anere Leit.

*Gpx-Datei kämmen: eng Gpx-Datei aus dem GPS komplett op der Landkaart nozeechnen, fir dass keng Ofweichunge, Fehler, Pausen o.ä. méi dra sinn an de Benotzer herno eng propper Kaart virfënnt

CCR001 (Strassen) 24 km/500 Hm

Carousel imageCarousel image

De CORONA COPY RIDE vun haut ass ee ganz einfachen. Knapp 24 km a ronn 500 Hm mat Start/Ziel beim Fräiheetsbam zu Stroossen.

E puer flott Singeltrails, andauernd matten am Bësch geet et duerch de Mamerdall an iwwer de Steeseler Plateau.

Ni schwéier, ëmmer spaasseg!

Souguer bei schlechtem Wieder ass hei kaum mat Bulli ze rechnen.

Hei de Link bei geoportail: http://g-o.lu/3/p3IX

CCR002 (Pétange) 45 km/900 Hm

Carousel imageCarousel imageCarousel image

Heute Nr.2 vom CCR002 mit Start in Pétange. Knapp 45km mit etwas über 900hm sind hier ein kleines "Schmankerl" im Terre-Rouge. Wem die Runde zu kurz ist, kann in dem Gebiet noch locker das doppelte an Trails dazu packen 😏... Hier der Link zum Track : http://g-o.lu/3/N8ur

CCR003 (Leudelange) 35 Km / 500 Hm

Carousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel image

Heis ass den drëtten Deel aus eiser CCR-Serie: Um CCR003 féieren ech iech duerch eng Géigend déi ech selwer réicht an de läschte Méint entdeckt hun. Start/Ziel ass zu Leidleng bei der Post. Hei reihen sech floweg Singletrailen uneneen wéi d'Pärelen un enger Ketten. Den Tour féiert duerch eng immens flott Landschaft an d'Kiischt um Kuch ass e künstleche Flowtrail zu Leidleng.

*Optionnell kann een um Km 10 och iwwer d'Downhillstreck vu Recken/Mess erof fueren (am Platz lenks duerch d'Felder einfach 200 M weider Macadam, da kennt ee lenks bei den Einstieg vun der DH-Streck) Hei sollt een awer mam DH-Club geklärt hunn ob daat erwenscht ass!

Et sollt een och wessen daß de Buedem hei an der Géigend ziemlech lehmeg ass: bei Reen=extrem Matsch!

Vill Spaß beim nofueren.

http://g-o.lu/3/E5Ns

CCR004 (Manternach)

Carousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel image

Den Tour vun haut féiert an den Oste vum Land-op Manternach! Den Eck ass éischter onbekannt an der Scene-an daat ass och gut esou. Net well e kee Potenzial hätt, awer et ass en Naturschutzgebidd, an e massenhaft Optriede vu Biker wier hei secher net gär gesinn.

De Wee féiert duerch aal Wëngerten (déi zum gréissten Deel elo mat Beem zougewuess sinn, an duerch dräi Däller, vun deenen de Syrdall daat gréisst ass. Landschaftlech immens schéin, fuertechnesch huet et och su munches ze bidden, awer alles verrode mer net mat eiser GPX-Datei.

OPGEPASST: ET ASS EE SENSIBELT EMFELD, EE MASSIVT OPTRIEDE VU BIKER ASS ZE VERMEIDEN. DONIEWT SINN ENG PARTIE PASSAGEN E BESSI TRICKY. RESPEKTEIERT D'EMWELT, A GANZ SPEZIELL D'FOUSSGÄNGER, DEI HEI ABSOLUT PRIORITEIT HUNN!

D'Fotoe sinn iwrejens vun 2011.

http://g-o.lu/3/aciU

CCR005 (Schoendels) Familytour

Carousel imageCarousel imageCarousel image

Den Tour vun haut huet als Start/Ziel Claushaff (just iwwer Schoendels. Et ass en einfachen Tour, den Terrain ass sandeg, dohier emmer gut fuerbar, och wann et emol méi laang gereent huet.

A consommer sans modération. Fir déi, déi méi e groussen Tour vun hei welle starten, kennen dee secher nach em bis zu 100km ausweiten.

Vläit brenge mer an den nexten CCR'en nach Schläifen, déi ee mat där hei ka kombinéieren! Vill Spass beim Nofueren, Feedback ass emmer wëllkomm!

http://g-o.lu/3/KTiL

CCR006 (Hunnebuer) 38 km/700 Hm

Carousel imageCarousel imageCarousel image

Start/Ziel vun dëser Tour, déi de Pit eis bäigesteiert huet, ass um "Hunnebuer" tëscht Reckeng/Miersch a Mariendall. Déi, déi de "Bididutrail" oder déi grouss Strecke vum HemoRide scho matgefuer si, wäerten sech hei erem erkeenen. Vill Bësch, nach méi Trailen, an déi gefaarte Mamerlayen.

Vill Spass beim Nofueren-a Feedback freet eis emmer! http://g-o.lu/3/qjyx

CCR007 (Hesper) 24 Km

Carousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel image

Zu Hesper kann ee vir flott Toure starten, daat ass bekannt. Hei dem Dominique seng "easy" versioun vum Hesper Bësch. Emmer nees verspillten Singlerailer an en drëchnen Ennergrond machen desen Tour zu engem agréabele Klassiker!Tour (easy) 24km mat 450hm , fir den Geoportail. Den Start ass zum Hesper um Holleschbierg. Et ass eng Streck wou jiddereen Spass kann hunn. Et ass viel Singletrail dobei, an e puer flot Descenten, och mat Serpentinnen ! Leider ass awer och dei lescht Zäit viel Singletrail vun den Bescharbeschter futti gemach ginn. Dat ass natiirlech traureg mä Hespertrails maachen awer trotzdem nach ëmmer Spass. D' Montée op Hamm ass net vun schlechten Elteren , dofir nach net Alles virdrunn verballeren.Sollt ee gefuer hunn a sengem biker-liewen.

Hei wéi gewinnt de Link bei d'Tour um Geoportail: http://g-o.lu/3/vZPZ

CCR008 (Hoscheid)

Carousel imageCarousel image

E schéine Panorama-Tour am Eisléck huet de Pit Scholtes mer eragereecht.

Start/Ziel Kierch zu Houschent.

Beim Waassertuerm eng stramm Descente an den Dall vun der Lëtschbaach. An der Uewerschlënner ukomm maache mir e klengen Emwee bei d’Kapell. Weiter komme mir laanscht Schlënnermanescht mat enger schéiner Vue op d’Buurschter Schlass. Duerno komme mir op déi Plaz, wou 2018 dee ganze Bierg gebrannt hat. Mir komme bei d’Hockslee mat enger wonnerschéiner Vue op Kautebaach. Nodeems mir Consthum hannert eis geloos hunn fuere mir a Richtung Schuttburg, wou de Grousspapp vum Pit Scholtes 1872 op d’Welt komm ass Nofueren a kommentéiere wéi gewinnt erwënscht:

http://g-o.lu/3/hSky

CCR009 (Stroossen) 38 Km, c.a. 800 Hm

Carousel imageCarousel image

Erem Stroossen, dës Kéier richteg knackeg! Souzesoen op de Spuere vum HemoRide. Start/Ziel beim Fräiheetsbaam zu Stroossen. Hei kënnt Freed op..oder Leed, (wanns de net fit genuch bass) Flotten Tour fir geübte Biker.

Hei de Link op de Geoportail mam GPX-Track: http://g-o.lu/3/tHvI

CCR010 (TransLUX)

Carousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel image

Bon..schon aleng beim Titel kann ee sech e puer Froe stellen. Lëtzebuerg ass nemmen 80 Km héich, an iwwerhapt..170 Km MTB ?!? Ma hudd dir se nach all?

Den Andreas an de Claude haten emol déi komplett verreckt Iddi, vun der nördlechster bis zur südlechst Extremitéit vun eisem Grand Duchy ze fueren, an hate verständlecherweis kee Fotoapparat mat.

Et muss een och wessen, dass se mam Zuch op Elwen gefuer sinn (a vun do aus op d'Schmedt, an d'Selwecht zum Schluss-vu Remleng zreck op Kayl op den Zuch, dofir hat d'Tour also net nemmen 150 mee 170 Km. D'Gpx-trace weist awer just d'Nettospuer un. D'Fotoe si bei enger "normaler" Elwen-Lëtzebuerg" Tour entstan..also knapp 100 Km.

De Parcours ass absolut genial, onhemlech vill Singletrail, eng gut Partie technesch Passagen awer Landschaftlech och den Hummer.

Ween traut sech déi nozefueren?

http://g-o.lu/3/Ages

CCR011 (Keispelt) 27 km/550 Hm

Carousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel image

CCR011 (Keispelt) 27 km/550 Hm

Hei eng kleng Sortie tëscht Mespelt a Koplescht. Start/Ziel ass beim Festsall vun der Musek (rue Pierre Dupont-déi méi aal vun iech kennen de Sall aus Zäite vun den Challengersbal'en)

Lass geet et direkt iwwert e Singletrail an de Mariendall, op de Spuere vun de Réimer erop op de Claushaff, Eilelay iwwer den Edelwystrail op Koplescht zreck op Keispelt.

OPGEPASST: um KM 1,5 kéint eng cloture gespart sinn. Falls daat de Fall ass, d'Alternativ (ass op der Kaart agezechent) an de Mariendall benotzen.

Et leien och e puer Beem em, sinn awer all gut ze iwergoen.

Vill Spass beim Nofueren, a wéi emmer ass Feedback erwënscht.

http://g-o.lu/3/MARv

CCR012 Hoscheid Hardcore 30 Km/ c.a. 900 Hm

Carousel imageCarousel image

Et geet erem an den mettleren Norden-dës Kéier ass de Baddy d'Tour ofgefuer. OPGEPASST: Dësen Tour ass net nemme physesch ustrengend, awer och technesch usprochsvoll. Net vir Ufänger.

http://g-o.lu/3/6eFV

CCR013 Ingeldorf

Carousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel image

BIKER.LU CCR013 (Angelduerf) 40 Km/ca 700 Hm

Nach eng Tour vum Baddy-Start/Ziel ass Angelduerf um Parking vum Supermarché.

Losst iech iwwerraschen!

http://g-o.lu/3/YMo0

CCR014 (ESCHDORF) 34 Km / 800 Hm

Carousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel image

Hei rem en Tour deen de Pit eis opgezeechent huet.

Aleng d'Verhältniss tescht KM an HM weist drop hinn, dass et e knackegen Tiirche gëtt. Landschaftlech dréit sech alles em de Séi, Trail ass och genuch dra verpack! http://g-o.lu/3/ucn8

BIKER.LU CCR015 (Koerich) 35 Km /600 Hm

Carousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel image

Dëse flotten Tour kënnt vum Patrick deen den Eck kennt wéi seng Boxentäsch.

Do wou Singletrail dra war huet hien e font!

Landschaftlech e richtege Genosstour, optimal fir Ufänger, well keng schwéier technech oder konditionnell Passagen dra sinn. D'Montéen an d'Descente si kwasi all lang gezunn an emmer agréabel.

Start/Ziel am Ausgang vu Kärch Richtung Habscht.

Eng "best of" vum Äischdallbike. - kuckt och den CCR016 (Stengefort)

http://g-o.lu/3/KV1o

BIKER.LU CCR016 (Steinfort)

Carousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel image

Dësen Tour huet de Patrick eis och opgezeechent, genau wéi den CCR015. Erem emol "best of" Aischdallbike.

Déi éischt 10 km si wéi eng Arterbunn...single single single..op an of...du kriss daat dommt Grinsen do einfach net aus dem Gesich.

Den Terrain ass wéi hei sou oft, extrem sandeg, dh et ass kaum mat Bulli ze rechnen.

Herrlech Landschaften an endlos Trails an 2 flott Wasserduerchfahrten.

Vill Spass beim Nofueren a Feedback wéi emmer erwënscht. http://g-o.lu/3/bKbs

BIKER.LU CCR017 (Rumelange)

Carousel imageCarousel imageCarousel image

30 Km ca 650 Hm...waat seet daat schon aus, vis a vis vun deem Spaas deens de hei am Minette hues.

Hei gëtt et souvill genial Trailen ze fueren, dass de net wees wous de solls ufänken. Déi offiziell gezeechent Wéer aus dem Minette sinn och absolut derwäert no ze fueren.

Hei meng Variante: http://g-o.lu/3/8Nlw

Vill Spass beim Nofueren a wéi emmer "feedback erwënscht"

BIKER.LU CCR018 (Schifflange)

Carousel imageCarousel imageCarousel image

Remleng, Scheffleng...egal..alles Minette, alles genial. Genau wéi den CCR017 (Remleng) och hei nees e puer Kiischten um Kuch. Mountainbike vum allerallerallerfeinsten.

Ufänger: Knieschoner net vergiessen ;)

Nofueren a feedback erwënscht! http://g-o.lu/3/oxDU

BIKER.LU CCR019 (Steinfort 2) 34 Km / 500 Hm

Carousel imageCarousel image

Hei eisem Baddy seng Versioun vum Aischdallbike. Vill Spass beim Nofueren a Feedback wéi gewinnt erwënscht! http://g-o.lu/3/TE7f

Carousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel image

BIKER.LU CCR020 (Strassen abc)

Wisou abc? et sinn 3 Strecken, dei kenne jeweils eenzel oder zesumme gefuer ginn.

Fucking best of Mamerdall! Vill Spass beim Nofueren, a wéi gewinnt, hannerlosst e Feedback hei op der Säit! http://g-o.lu/3/Pa3Z


Méi Touren deemnächst...