VERLETZUNG

Obwuel een kéint unhuelen, dass Mountainbikefueren e geféierlechen Sport ass, hun ech eigenltech eischter gut Erfahrungen gemach-wanns de néier gees, an et deet wéi, wars de normalerweis op der Strooss...well am Besch fälls de..normalerweis..mell.Ech kann awer just recommandéieren, déi néideg Viersichtsmoosnahemen ze huelen: Helm an Händschen (am bäschten Laangfanger!) sin Pflicht.

Op der Foto ass eng kleng "Verbrennung" ze erkennen, déi ech mir no enger Descente um Bremsdisk zougezunn hun.

An den Camelbag gehéieren niewt deem üblechen Reparaturset fir de Bike och e Reparaturset fir den Biker, well och wann daat meescht noowiisst, kann een dach emol ee Patch gebrauchen. Ech hun emmer dobäi: Arnika (Homeopatesch "Krällercher"->hellefen super bei stompen Schock, e puer Ploschteren, e bessi Gas an Tape.

Et gin awer net nemmen déi Verletzungen, déi vun engem direkten Crash kommen, awer och déi vun falschem Training oder iwerdriwenem Fueren.

-den Muskelkater meeschtens ereischt e puer Stonnen noom Effort ze spieren, ass zB och eng Verletzung vun den Mikrofaser am Muskel (fréier ass een dovun ausgangen, dass zevill Mellechsaier ass aus dem Muskel ausgetratt an konnt net verschafft gin).

Läschten Studien no ass den Muskelkueder eng Verletzung vun den Mikrofaseren am Muskel an gett am bäschten duerch Rou an wärmt gelindert. Op kee Fall sollt een, wéi oft behapt, dann weider trainéieren. Den Muskel brauch Rou un muss heelen-och eng Massage ass an desem Fall ongenschteg.

-Muskelzerrung, Muskelfaserress, Muskelress

Hei handelt et sech 3x em dé selwescht Verletzung, awer em verschidden Ausmoossen vum Schued-oft erkennbar duerch e groussen Bluterguss, stark Pëng, ->hei soll op allefall DIREKT mat der Bewegung opgehaalen gin!

- Bandscheiwenviirfall -Leider allzeheefech bei Biker, kennt ganz oft entweder bei exzessivem Training oder schlechter Setzpositioun. Hei ass den Knorpel (d'Bandscheiw)teschent 2 Wirbelen esouwäit

zerquetscht, dass et lokal zu starker Peng kennt, kann awer souwäit goen, dass et bis an d'Been eroof strahlt. Hei kann en Kiné hellefen duerch gezielten Dehnungstechniken

-de "Krämpchen"

deet d'Kollegen dachs Tréinen laachen, awer deen Betraffenen fennt et net sou witzeg: de Muskel zitt sech onkontrolléierbar zesummen an léist eng Peng aus, wéi wann een en Messer am Muskel stiechen hät-Ursaach: ganz oft duech Déhidratatioun (net genuch gedronk), groussen Verloscht un Elektrolyten duerch starkt Schweessen (zB. Natriumchlorid->Kachsalz, an Kalium...) oder bis virun d'Garagenpaart am rouden Beräich gedreckt an dann direkt vum Bike eroof: daat ass déidlech!! Emmer genuch drenken, dem Kierper virum Gaaazz gin eng Opwiermphase, noom Biken en "Cooldownphase" gönnen, wou just labber gedréint gett.

-Handgelenker

Leit, déi oft mat Schmärzen an den Handgelenker kloen, hun ganz oft eng schlecht Positioun um Guidon-hei soll den Handreck eng riicht Ligne mam Ennerarm bilden, op kee fall sollt d'Gelenk um Guidon "gekneckt" sin.