Castle, Bike and breakfast
Castle, Bike and Breakfast
Biker.lu invitéiert den 02 & 03 Juli 2021 op den Castle, Bike & Breakfast, eng Rees duerch d'Vergangenheet. Op 2 Deeg entdecke mer d'Natur an Zäitzéihen am Westen vun Lëtzebuerg, oofgeronnt mat enger Iwwernuechtung am Schlass vun Kéinzeg (Clémency) dat iwwert di läscht Joëren opwänneg restauréiert gouff.
Op onsen gemitlechen Tier vun +/- 60km begéihne mer Spueren vun den Kelten, Réimer, Stohlindustrie,.. d'Strecken si fir MTB ausgeluet, e-MTB an Gravel sin natierlech och wëllkomm,
sollt de Wonsch/Besoin bestoën können an Zukunft och Séancen mat spezifeschen Gruppen organiséiert ginn.
D'Schlass vun Kéinzeg huet 5 verschidden an eenzegaarteg Zëmmeren, no enger gemeinsamer Visite vum Schlass gin d'Zëmmeren je no Besoin an chronologescher Reihenfolleg vun der Unmeldung verdeelt.
Et besteet d'Méiglechkeet fir alléng (Eenzelzemmer) oder mat sengem Liewenspartner en Zëmmer ze deelen.
Grousse Merci un https://chateaudeclemency.lu/ an Unicum.lu fir hir ënnerstëtzung bei desem Projet.
Eenzelzemmer 250€
Duebelzuemmer mat engem Partner* (non-biker) 300€
Duebelzëmmer mat engem Partner* (biker) 350€
*aus dem selweschten ménage (covid)
Programm (Ännerungen virbehaalen):
Éischten Dag:
08:00 / 09:00 ukommen
09:00 Schlass besichen
10:00 Ride-out
17:00 Retour
19:00 Pasta"party" & Owend ënnert Frënn
Zweeten Dag:
08:00 Breakfast
09:00 Ride-out
16:00 Retour
Biker.lu
LU04 1111 1014 0035 0000
"Castle, Bike and Breakfast NUMM"
Dëst ass en Event ausschliesslech fir Biker.lu Memberen. (Hei kanns de Member gin: https://www.biker.lu/member)
Fir all Froën: christian@biker.lu
(Photos copyrighted by Unicum.lu)