6. ULTRASTRECKEN

Ultrastrecken??? waat zum Henker ass daat?! Daat ka jo net zu Letzebuerg sin...dofir ass eist Ländchen dach vill ze kleng?

DENXSDE!!

Hei e puer Méiglechkeeten, wéi een sech zu Lëtzebuerg richteg midd kann machen.

D'Distanzen leien bei c.a. 100 km an em 2.000 Hm. Avis aus amateurs :-)

1) Elwen-Clierf-Letzebuerg

Des Streck hun ech joerelaang verfeinert, bis ech zu desem Ergebnis komm sin. Déi flottsten Strecken, déi op där Ax leien, sin hei dran-woubäi awer bermierkt soll sin, dass et emmer erem Alternativen gett!

D'Streck wéi der se hei fannt ass wirklech schwéier, huet iwer 2.000 Hm an iwer 100 km.

Fort geet et op der Staater Gare mam Zuch op Elwen (am bäschten mam Schnellzuch, dee brauch just eng Stonn bis Elwen). Duerno féiert d'Streck zreck iwer Clierf, Draufelt, Schëttbuerg, Kautebach, Bourschend, Warken, Béiwen, Bruch, Mariendall....

Onbedingt e ganzen Daag aplangen, genuch ze Drenken an z'Iessen apaacken.

Ps: Waasser gëtt et zB op deene meeschten Kierfechter noozefellen, awer och um Camping zu Kautebaach, wou d'Streck laanscht geet

De GPS Track ass ze fannen bei desem Link:

GPSies ELWEN-LETZEBUERG

2) Grand Raid Mellerdall

Des Streck huet de Ferdy ausgetüftelt. Et ass en aller-retour vum Kierchbierg an de Mellerdall an zreck. Des Streck fuedert net nemmen vill Kraft an Ausdauer, awer och vill Technik, well se eben quesch duerch de Mellerdall féiert...

ennen ze fannen ennert den GPS-Tracks ultra_2_raidmellerdall

3) Minette kräiz a queesch

Schon oft waren Proposen era komm, fir "Transminette" ze fueren, endlech hu mer mol eng Variante probéiert-och wann se um Pabeier mat knapp 1300 Hm relativ easy ausfällt, ass een dach bal de ganze Wee op Singletrails ennerwee, deen zum Deel richteg technesch ass-déi meescht wärten mat e puer Schréibsen aus desem Tour kommen :)

Mir haten eis e bessi Zäit geholl fir e puer Fotoen ze machen..

dem Marc säi GPS-Treck ass hei ze fannen: GPS TRACK Minette Kräiz a Queesch!