3. SÜDEN

Egal ob Remleng, Kayl, Teiteng, Scheffleng, Esch, Bieles, Peiteng, Rodange...all déi Uertschaften klengen wéi Musik an mengen Bikeroueren. All déi Biker, déi regelméisseg an deser Géigend fueren (an där gin et vill!!) sin technesch op der Héicht-sie mussen: am Minette, wou fréier d'Indrustrie schlemm gereibert huet, an rieseg Wonnen an d'Erdräich gerappt huet, fir erzhaltegen Minette oofzebauen, kennt haut des Daags d'Natur nees zreck, awer déi meescht Platzen sin haut nach extrem stengeg, eckeg a verblockt->ee Paradies fir een, deen et gären technech huet, en Albdraam fir een deen färt emol en ruppegen Oofsaatz erof ze fueren. Natirlech gin et an desen Bescher, déi bis wäit an Frankräich eran gin, och vill breet "Autobunnen", déi wiesselen sech awer meeschtens mat schmuelem Trail oof.

An: een dee gemengt haat am Minette wier alles flaach, dee soll dach mol d'Randonnée vun den Terrerouge Bikers matfueren-déi keddelen dach do iwer 1100 Hm (!!!) aus hieren 52 km-daat ass rekordverdächteg!

Mäin Tour duerch de Minett wier net vollstängeg, wann ech hei net géif d'Location vun Funbike erwähnen, wou Freerider sech RDV gin, an divers Drops, Gaps, Northshores, Tables & Co gebaut hun, déi wuel zu Letzebuerg oniwertraff sin.

Hei recommandéieren ech awer wärmstens Integralhelm an Protektoren ;-P

Weider Clib déi am Moutainbikeberäich am Minette aktiv sin:

VTT Esch

VC Rodange

UC Pétange

Haard-bikers

Chickenbikers

Shops sin am Süden:

Rasqui (Esch)

Lombardi (Remleng)

Schutz (Dideleng)

Urbany (Kayl)

Velopoint (Bascharage)

Dreambikeshop (Beetebourg)

Numm vun der Streck

DOWNLOAD ganz ënnen

 Suden 1

 Süden 2

 Süden 3

 Süden 4

 kuerz Beschreiwung

 Formidablen Trail-voller technescher Passagen, kniwweleg Wéer, schwéier ze fueren, awer Spass bis zum Abwinken. Hei sollt een technech Trailen gären hun, soss kennt kee Spass op...

 Start/Ziel vun deser Tour ass zu Péiteng beim Kierfecht. Eng ganz Partie Macadam, awer och vill flotten Singletrail, agréabelen Tour deen ziemlech gut rullt. Platzeweis duerch Frankräich. 

 

 

 Erliewniswert

 

 Technik

 

 Konditioun

 

vill Foussgänger :-(

wéineg Foussgänger :-)

 

 4 Foussgänger begéint op 41 km.... TOP!!

 Kaum Foussgänger

GPS-TRACKS (kuck ennert der Pub) kommen lues a lues