1. NORDEN
Ween emol mat an d'Eisleck biken war, deen wees et: déi Eislecker Koppen hun et an sech, vill méi laang, vill méi heich wéi op aneren Platzen am Land. Een deen vill hei fiert, kritt Konditoun. Formidabel Trailen sin zB vun Elwen op Clierf, weider iwert Draufelt, Kautebach Buerglenster an Ettelbreck... Déi Koppen, déi een eropdrecken muss, kann een och mat Highspeed eroof dräschen. Spass mecht et also op allefall, erop an eroof.
Foto lenks:Paus op der Schettbuerg bei KautebaachFoto rietsEnnerwee mam Zuchaus der Staat op ElwenEnnert aanerem an der Géigend vun Buerschend ass den Buedem ziemlech "schieffereg", dh scharf Kanten an "slippery when wet"!!!
Foto lenks
klengen Ausrutscher
10 Meter biergoof
(näischt geschitt)
Serpentinen vun
Schlendermarnech
op Giewelsmillen
Am Eislek bidd den Zuch eng flott Méiglechkeet als Transportmettel, well vill Strecken onmettelbar un deenen Eislecker Garen leien.
Wien hei uwen Kontakt sicht, wend sech am bäschten un
GPS-TRACKS kommen lues a lues
Numm vun der Streck
DOWNLOAD ganz ënnen
Norden_1
Norden_2
kuerz Beschreiwung
Départ/Arrivée vun deser 34 km/ 932 Hm Schläif ass de Kirfecht zu Merscheed/Eschduerf. Landschaftlech wéi héichtemeertechnesch ongewinnt fir eis "Südlänner", oofgescheeden Däller, lëfteg Koppen a vill vill Héichtemeter kommen do zesummen. Technesch war desen Tour nemmen, well et extrem naass war an d'Koppen sech richteg schwéier erop gedreckt hun. Am Drechnen secher eng aner Saach!
kennt deemnächst
Erliewniswert
Technik
Konditioun
vill Foussgänger :-(
wéineg Foussgänger :-)
bis
kee Foussgänger, kee Biker, wee gär einsam an der Natur fiert ass hei genau richteg!