4. MAGURA & CO

An der Haaptsaach bauen folgend Marken och nach Bremsen-also wichteg Bikekomponenten! Zu den Diskbremsen vläicht daat hei: verschidden Marken schaffen mat Bremsflessegkeet, verschidden aaneren mat Uelech. De groussen ennerscheed ass deen, dass Bremsflessegkeet extrem agressiv ass, an Dichtungen, Lack an Haut ziemlech stark ugräift, wougéint Ueleg kaum agressiv ass. OPGEPASST: et kann een net einfach Bremsflessegkeet an eng Uelegbrems schedden....

Zu den mechaneschen Diskbremsen vläit daat hei: sie versammlen d'Noodeeler vun enger klassescher V-Brems (Reiwung vum Bremskabel, Dreck an Rascht an den Gänen) an d'Noodeeler vun enger "richteger" Diskbrems: daat méi heicht Gewiicht (vis-à-vis vun enger V-Brems)

Magura

Bekannt gin ass Magura am Bikeberäich duerch hier Hydraulesch Felgenbremsen-e richtegen plus an punkto Doséierbarkeet (vis-à-vis vun enger seelgezunnener Brems). Haut huet Magura zousätzlech eng Komplett Gamme un Scheiwenbremsen-an Fiedergaafelen.

Forumula

Italienesch Mark, baut ganz schéin, liicht an staark Bremsen, leider vill ze oft reparaturufälleg... Formula huet de Moment 6 verschidden Diskbrakes am Programm.

Hope

Englesch Hichtech waat Bremsentechnologie ugeet, waren als éischt mat 4-Kolwenbremsen um Maart. Hope huet, niewt Bike Luuchten, diversen Produit'en an Tuningkomponenten 8 verschidden hydraulesch Bremsen am Programm.

Hayes

Hayes (US) huet net manner wéi 13 hydraulesch an  3 mechanesch Diskbremsen am Programm...schwéier do nach d'Iwersiicht ze behaalen.

Avid

Als Ennermark vun Sram huet Avid och eng ganz komplett Gamme vun Bremsen (8x hydraulesch, 4x mechanesch)

OPGEPASST: well Scheiwenbremsen hei ans do d'Tendenz hun, ze quitschen, hun schon vill Leit d'Bremsen "geuelecht": WAHNSINN-daat quitscht secher net méi-awer et bremst och net méi!! Hei helleft just prézisen Réglage an Botzen vum Bremssuedel.

Remarque: Waat den Disk méi grouss ass, waat d'Bremswierkung méi grouss ass, awer och: waat den Disk méi grouss ass, waat den Risiko fir Schläifgeräischer ze kréien och méi grouss gett!