5. MATERIALIEN

Well ech weder Physiker nach Ingenieur sin, well ech hei net iwert détailléiert Materialcharakteristiken schreiwen, just kuerz  déi divers Kadermaterialien erwähnen an hier wichtegst Eegenschaften opzielen.

KARBON (statt Kondition)

Deen wuel edelsten Plastik...(autsch), superliicht, steif an quasi onkaputtbar...awer eben nemmen quasi: daat schwarzt Gold huet een, fir Mountainbiker, riesegen Nodeel: op Drock an Zoch ass den Karbon

onempfindlech, awer Steenschlaag verdréit en ganz schlecht. An wann déi schwarz Haut bis emol opgeritzt ass, riskéiert en op där Platz emol ganz ze  briechen. Karbon gett net nemmen beim Bau vun Kaderen agesaat, awer och ganz vill bei Komponenten wéi Guidon'en, Potencen, Suedelstangen etc.

TITAN

ass nach nie an groussen Serien gebaut gin: exclusiv, edel, extrem deier! Dem Titan seng gréissten Stärkt ass säin niddregt Gewiicht, allerdings léisst en an Punkto Steifegkeet Plommen: d'Titankaderen sin réputéiert, dass sie ganz kompfortabel sin, well daat Material ganz vill flext. Den Titan ass liicht ze erkennen, un senger liicht gielzech-metallescher Farw.

ALUMINIUM

Alu-Varianten gett et bal souvill wéi Sandkären um Mier! All behaapten se vir sech, déi liichst oder stabilst ze sin. Fact ass, dass den Alu sech zanter Joeren duerchgesaat huet als daat robust'st Kader an Komponentenmaterial.

STOOL

net gelaacht: Stool ass nach emmer e super Kadermaterial, quasi onverwüstlech, brecht kaum, an flext gut, dh, Stoolbikes sin grondsätzlech méi kompfortabel wéi Alu. Well Stool méi stabil ass, gin beim Kaderbau keng sou deck Réierduerchmiesser gebraucht, d'Kaderen faalen also duerch hier filigran Tüben op. Gett, leider emmer manner, verbaut.

FUTTI....