UMELDESCHLUSS 31.12.2017


INSELHÜPFEN Päischtvakanz 2018:
Vum 20.5.-27.5.2018 organiséiert biker.lu eng eemoleg Vakanz op de Griechechen Inselen Kos,Lakki Leros, Patmos Chora, Lipsi ...
Mir fueren hei mat der BB2 vu Bodrum fort an entdecken des kleng Inselcher mat hiere wahnsinns Trailen a genéissen daat formidabelt Wieder vum Mëttelmier!

Hei den Oflaf vun der Vakanz:

Sonndes Owes den 20.5.2018 Flug op Kos mat der Luxair vum Findel aus.
Méindes moies 21.5.2018 Transfert mat der Fähr op Bodrum, do gëtt direkt ageschefft a mir starten eis Inseltour iwer Kos,Lakki Leros, Patmos Chora, Lipsi ....
Samstes 26.5.2018 gi mir zu Kos eraus geloss, iwernuechten nachemol op där Insel an engem Hotel, hun de ganze Sonndeg zur fräier Verfügung, a fléie
Sonndes de 27.5.Owes nees zreck op de Findel.

Opgepasst: dëst ass eng immens schéi, relax Vakanz, et ass keen Trainingscamp wou et drems geet méiglechst vill Km an Hm ze friessen!
Mir genéissen daat griechecht Iessen, danze Sirtaki, besichen déi eng oder aner Sehenswürdegkeet, an niewebäi rocke mer flott Trailen emmer mam Mier am Viséier. A genau des Trails gin de Moment an d'Rei gesaat, vun enger Partie ganz fanateschen Trailbuilder...do entsteet grad en Trailparadies! Waat se do machen gesidd der an desem VIDEO. Dës Vakanz bidd och ganz flott d'Méiglechkeet, de Partner, dee vläit net Mountainbike fiert, mat ze huelen, well een sech op der Platz kann zB en Elektrovelo lounen oder einfach zu Fouss d'Inselen entecke kann. D'BB2, eist Boot, huet 15 Kabinen à 2 Persounen, mir kennen also maximal 30 Leit mat huelen. Op der Platz hu mir e Guide, d'Méiglechkeet e Mountainbike ze lounen, oder eisen eegenen Bike mat ze huelen. De Präis deen nach net 100% feststeht, wärt bei ca 1600 Euro leien (do ass de Präis vum Vol scho mat dran) Den Transport vum eegene Bike kascht 100 Euro (aller-retour) Falls daat ganzt iech usprecht, meld iech ganz schnell un, well... 
D'PLATZE SI LIMITEIERT, DEI EISCHT SI VIR! hei de Link fir bei d'Umeldung:
UMELDUNG

https://goo.gl/photos/2kAn8tchkQ35ZyVk6
https://www.facebook.com/events/374679662945984/