BIKESHOPPING

SUPPORT YOUR LOCAL DEALER!!

Kaaf bei dengem Bikefachgeschäft!

Ech sinn zimlech almoudesch, wat de Kaf vun mengen Bikes, Komponenten an Klamotten ugeet...

Den Internet ass do fir mech just eng absolut Noutléisung, obwuel vill Leit der Meenung sinn, den "Härgott mat der décker Zéif" ze hun, well et hei villes méi bëlleg gëtt!

Bedenk awer, dass de vill Parts aus dem Internet als "Iwerraschungspack" heem kriss, an dass den Internet der beim Montéieren net kann hëllefen...Et geet dach näischt doriwwer, e Stéck oder e Bike kennen "LIVE" ze gesinn, ze probéieren....oder Klamotten unzemoossen!

E weideren Nodeel vum Internet ass natierlech, dass en laangfristeg déi kleng Shops futti mécht, well dës  net kennen mat den Internetpräisser mathalen. Bedenk dat, wann s de dech di nächste Kéier frees, obs de wierklech solls deng Entscheedung no deem bëllegsten Ubidder fällen.

Dës weideren kafen ech léiwer an engem klengen Shop: wann ech well Geméis kafen, gin ech an e Supermarché, wann ech well Auto'saccessoiren kafen, gin ech bei en Spezialist fir Autos'accessoiren, wann ech moudesch Kleeder well kafen, ginn ech an en Modegeschäft-a wann ech Bikesaachen well kafen, ginn ech an e Bikeshop!! Do kennt den Dealer mech perséinlech, hie wées meeschtens wat ech sichen, wat fir eng Gréisst ech brauch, an wat mech intresséiert!

Et gin an all Géigend am Land flott Bikeshops, déi sech op deng Visite fré'en-enner der Rubrik "Links" fenns du hier Kontakter!

Hei geet et bei d'Kaart vun de Bikefachgeschäfter hei am Land: http://g-o.lu/522ik