BIKEN AM WANTER

SAFETY FIRST!! 
an där däischterer Joereszäit ass et net nemmen wichteg, gut ze gesinn, awer och gut GESIN ZE GIN!! Liewenswichteg sin hei Reflektoren, ganz 
besonnesch um ënneschten Deel vum Bike (Rieder) an um ënneschten Deel vum Kieper (Been, Féiss). Well just desen Deel gett vun den Auto'sluuchten erfaasst, wann se d'Ofblendluchten un hun. Näischt helleft besser wéi REFKLETOREN déi manner héich wéi ee Meter vum Buedem sin.

Dësen Artikel ass eben fir déi Leit, déi net richteg wëssen, wéi se am beschten duerch de Wanter kommen.Fir vill Stroossenfuerer ass den Mountainbike eng Méiglechkeet, iwwert de Wanter ze kommen, an net missen an den Fitnessstudio oder an der äiskaaler Garage um Rouleau dréinen wéi en Hamster. Et ass wuel  kloer, dass een och vun Oktober bis Mäerz biken soll, wann een am Fréijoer e  bësselchen fit well sinn. D'Basis vun der Konditioun vun enger bestëmmter Saison leet een natierlech iwwert de Wanter! Well et awer  am Wanter ganz aner Viraussetzungen gin, wéi am Summer, ginn ech  hei e bësselchen dorop an.

KLEEDUNG:
Et gëtt ganz  exzellent Klamotten, fir den Wanter duerch ze maachen-hei zielt den Motto:  Zwiwwelsystem, ootmungsaktiv an wasserofweisend! Wann een am Summer ënner  Ëmstänn nach kann mat Kotteng’s Kleeder fueren (ass awer ofzeroden), geet dat am Wanter wierklech net  méi: wann déi bis naass sinn, gëtt et engem séier kal (och
wann een e ganz Haarden ass…si mer jo all :-) an se pechen un der Haut un, wat  d’Bewegungsfräiheet ganz staark aschränkt. Dass déi  iewescht Couche vun Kleeder (d’Veste also) soll Otmungsaktiv sin, schenkt  selbstverständlech, leider gin et awer vill Produit’en, déi guer keng  Transpiratioun duerchloossen, waat zu engem regelrechten Hetzestau ënnert de Kleeder féiert. Dëst bréngt net nëmmen gesondheetlech Risiken mat  sech, ass  och nach zimlech lästeg an kascht onnéideg Energie.
Eng Veste ouni  Ärem (Gilet) mécht och Sënn, virun allem, wann et just e bësschen kal an  dreschen ass. Och sollten  laang Been (zumindest ¾, also iwwert d’Knéien) selbstverständlech sinn, well kal  Gelenker funktionéieren net besonnesch gutt an et riskéiert een nach verschidden  Verletzungen un Bänner an Muskelen.Eigentlech  selbstverständlech sinn och waarm Händschen: des sollten waasseroweisend sinn an  laang Fangeren hunn, well wann een d’Fanger mol bis richteg kal huet, léist sech  d’Schaltung an d’Bremsen schlecht bedéngen, an d’Verletzungsgefohr un Gelenker ass gläich wéi bei de Knéien. Wann et richteg kal gëtt, also däitlech ënner NULL Grad, ass déi beschten Empfehlung: Ski-Händschen. Mat dësen ass d’Gefill um  Guidon zwar e bëssi ageschränkt, ma dorun kann een sech éischter gewinnen wéi un BOFROST-Fanger. Allerdings gëtt et och neierdéngs ganz waarm Bikehändschen z.B. vun Roeckle, déi och exzellent waarm halen.

Wat d’Schong  betrëfft, gëtt et leider keen Patentrezept: wien net well op https://sites.google.com/site/bikerlu/biken-am-wanter/wanterschung.jpg
Klickpedalen  verzichten, deen schaaft duerch den Cleat, (eng Metallplaquette um Bike-Schong)  eng thermesch Bréck, duerch déi d’Keelt an de Fouss  drengt. Dofir wier meng  Empfehlung an dësem Fall: souwisou Wanter Bike Schong (also waasserdicht an mat  Neopren-Hals), an wann et extrem kal  gëtt, zousätzlech  Iwwerschong aus Neopren. En (e bëssi méi lästeg) Alternative wier, Hänn a Féiss (soss näischt) mat Wärme-paste areiwen. dat gëtt alt vun den Cyclocrossfuerer gemaach.

Fir déi Leit,  déi am Gesicht ganz empfindlech sinn, gett et speziell Kagullen (Sturmhaube) fir ënnert dem Helm unzedoen…
IESSEN AN DRENKEN
Wien mengt, Iessen an speziell Drénken wier am Wanter onwichteg, ass ganz falsch gewéckelt. Eben duerch déi méi waarm Kleedung schweesst een wesentlech méi an huet een doduerch en ganz héigen Flessegkeetsverbrauch, deen nëmmen duerch regelméissegt drénken kann ausgeglach ginn. Ma opgepasst: Camelbag an Bidon'en fréieren ganz liicht zou, hei ginn et z.B. vun Camelbag spezial Neopreniwwerzich fir iwwert den Schlauch an d'Mondstéck…Eng gutt Iddi ass och, waarmen Téi mat op den Tour ze huelen, deen wierm net nëmmen de kalen Biker, hält de Réck waarm (Camelbag), ma reduzéiert och nach de Risiko, dass de Kaméilsaak resp. Bidong zoufréiere. 

Am Wanter...am Schnéi...an der Nuecht....


BIKE
Am allgemengen  solls de wëssen, dass am Wanter den Bike ganz vill leit: net nëmmen  d’Transmissioun (Ketten, Pignon’en) gëtt zimlech vum Bulli ugegraff, ma och  d’Schaltzich, d’Bremsen an den Kader op deenen Platzen, wou eng Reiwung  duerch Brems- oder Schaltkabelen entsteet. Den Kader kann een deelweis duerch eng  duerchsichteg “Diamant-Folie”,  schützen (net nëmmen am Wanter).
Bei Ketten et co. hëlleft nëmmen: nom biken sou gutt wéi méiglech Salz an Bulli eraus schwenken (Waasser), dann dréchnen an gutt fetten…
Et mécht och Sënn, d'Schaltkabelen virum Wanter ze erneieren (nom Wanter sinn se zwar och nees sauer), well eng Schaltung déi am Summer nach passabel funktionéiert, ass beim éischten Reen an Sand ganz schnell onschaltbar.
Dem Bike, an virun allem dem Biker kann een vill Bulli erspueren, wann een viir an hannen  Schutzblecher montéiert (zB SKS), déi an engem Handgrëff rop oder rof gebaut  sinn, an wierklech keen Bulli oder Waasser méi weider loossen (Mécht souguer e  Schutzbrëll quasi iwwerflësseg…de jo am Wanter besonnesch lästeg ass, well en do  nach méi uleeft wéi am Summer). Och ass et  weder gesond nach agréabel, schon no 2 Minuten den Henner bis an den Daarm naass  ze hunn, also léiwer e bëssi “on’cool” wéi total agesaut an naass  :-)

PNEU’EN
https://sites.google.com/site/bikerlu/biken-am-wanter/spikes%20tires.jpg
Tjo, sou dax  wéi et scho gesot gouf, et stemmt trotzdem nach ëmmer : am Wanter mëscht e  Pneu mat Profil…vill Profil…(de Moment zB en Nobby Nick) an wéineg Drock (héchstens 2.0 Bar) Sënn,  well, egal wéi gutt en Semi-Slick rullt, am Bulli kann en nie dee Gripp vun engem  Stollen-Pneu kréien, an mat 5,0 Bar Drock am Pneu huet d’Rad ongeféier souvill  Gripp um Mätsch wéi en hëlzen’t Kutschenrad … probéier et einfach  mol…
Och gëtt et fir den Wanter Spikes-Pneuen (zB Continental/Schwalbe icespike), fir déi, déi op Nummer Sécher am Terrain wëlle goen, allerdings riskéieren se, och um Makadamm beim Bremsen opzefalen :-)


LUUCHTEN:
Bei den Bikeluuchten ass et wéi am richtegen Liewen: waat se méi deier sinn, wat et méi hell am Bësch gëtt! Ma net alleng d’Hellegkeet spillt eng Roll, och d’Dauer vun der Luucht,  d’Ergonomie an d’Qualitéit vum Produkt ass wichteg. Allerdings sin déi aktuell LED-Luuchten zD schoon sou performant, dass een sech net méi muss fir deen deiersten Modell entscheeden, fir largement genuch ze gesinn. Jiddefalls ass LED aktuellsten Stand vun der Technik, wéineg empfindlech géingt Vibratiounen an ganz spuersam am Verbrauch. Wat ass dann lo besser: Helm-Luucht oder
https://sites.google.com/site/bikerlu/biken-am-wanter/IMGP8842.jpg
Guidon-Lüster?? Villäicht gesäit eng  Frontale
e bëssi komesch aus, ma een groussen Virdeel huet se op eng Guidon’s  Luucht: déi um Helm liicht ëmmer dohin, wou de Biker kuckt…et ass also fir hien  quasi ëmmer an iwerall hell! Dat ass bei enger Guidon’s Luucht bei leiwen net de Fall. Och  liicht se vun méi héich erof, dierft also e bëssi méi wäit  liichten. Den Nodeel vun der Helmluucht ass hiert Gewiicht an d'Gedruddels mam Kabel.

Allerleschte Stand vun der Technik ass elo d'Dynamoluucht, déi en neien Opschwong ze erliewen schengt-huet allerdings deen Nodeel, dass een eng SPEZIELL Nuew brauch (wou den Dynamo dran ass) an suguer mat enger 300 € Supernova-Luucht liicht daat nach bäi wäitem net sou hell wéi eng gut Accu-Luucht. Desweideren hun d'Dynamoluchten deen Nodeel, dass se -wann een net méi /oder lues pedaléiert, nach just ganz schwach liichten-hei awer de Link béi déi betreffend Firmen: Nabendynamo.de  oder nach supernovalights.de


OPGEPASST:
Vun -15° un ass Sport (->déif Anootmen) net méi gesondheetsfördernd, do geet eng Stönn'chen labber biken duer.Och sollt een op kee Fall kal op den Bike klammen an direkt lass fueren wéi eng gesengte Sau: extreme Risiko vun Zerrungen oder aner Muskelverletzungen. (Dat gelt iwwregens fir all Wieder!!!)
Nach en TIPP  wier: Keng ze laang Pausen a'lé'en an nom Biken sou schnell wéi méiglech ënnert d'Douche an ënner Dag: 1-3 Stonnen nom Sport am Wanter ass nämlech den Kierper am empfindlechsten, fir sech eng Grippe op ze rafen.