3 Deeg Mountainbike an Natur Pur mam Naturmusée!

Op deser Säit fënns du sämtlech Informatiounen, déis du brauchs fir eise flotten Tour vum 25.-27.7.2017
***Wann nach Froe sin, zeck net, fir mir unzeruffen um 462233-312 (Fränz)***

D'Streck:
Mir fuere moies mam Zuch aus der Staat op Clierf. Vun do aus starte mer eis Expeditioun an 3 Etappen iwer Dierbecht an Huelmes bis zreck an d'Staat (Stroossen). Ennerwee huele mer eis emmer nees Zäit, fir d'Natur ze studéieren, wéi zB "wéi propper sin d'Bachen", "wéi eng Gestengszorten a Planzen fennt ee wou am Land", a mir léieren eis op enger Kaart ze orientéieren.

1. Daag: Mir treffen eis em 7:30 op der Staater Gare am Hall. Do huele mer den Zuch vun 8:18 fir um 9:14 zu Clief ze sin. Iwer divers Singletrails a Bëschwéer fuere mer dësen eischten a schwéiersten Daag iwer Draufelt, Pinsch, Schüttbuerg Kautebach, Giewelsmillen op Dierbech, wou mer an engem flotte Chalet bei engem Lagerfeier den Daag ausklenge lossen an iwernuechten. Insgesamt fuere mer den eischten Daag ca 650 Hm an 30 Km, mir sin awer flexibel a kenne, wann néideg, ofkierzen oder shuttelen.

2. Daag: Gengt 9:00 mache mer eis noom Kaffisdesch op de Wee. Direkt vum Chalet aus si mer am Bësch a fueren Richtung Süden. Wéi eng Festung steet Buerschend virun eis-kee Wee féiert dolanscht, mir mussen iwert des Kopp! Vu Buerschend geet et rasant biergof op Wëlschend, vu wou aus mer d'Velospiste huelen a gemütlech bis op Niederfelen fueren. Hanner Niederfelen fängt nees de Bësch an d'Pisten un. Iwer Bissen, Béiwen, Heplperknapp a Brouch fuere mer ob eist Daagesziel "Jugendherberg Huelmes" un. Et sin  ca 39 Km mat 950 Hm, je no Variant déi mer wielen.

3. Daag: Dee läschten Daag ass awer och guer kee Stress méi ugesoot. Mir kennen eist Ziel scho bal gesin, et leien awer nach 2 Däller tescht Stroossen an Huelems. Desen Daag gëtt keng genau Streck definéiert, hei si mer ganz flexibel a mir adaptéieren eis. Vun Huelems iwer de Claushaff, Schoendels, Koplescht a Bridel geet et zreck an de Stall. Viraussichtlech Arrivée zu Stroossen gengt 16:00 (kann nach änneren, je no Wieder si méi méi fréi do). ca 30 Km a maximal 550 Hm


Zum Velo:
Wichteg ass, dass däi Mountainbike technesch 100% an der Rei ass. Am bäschte brengs du e kuerz virum Tour an eng Revisioun bei de Bikeshop (opgepasst, déi hun em déi Zäit ganz vill Arbecht, also besser mat Zäiten e rendez-vous froen!)
Bremsen, Schaltung a Pneu'e incl. Schläich a Fiedergafel sollten op allefall nogekuckt gin.
Am bäschte wier e Mountainbike mat wéinstens 26'' Rieder. Alles waat méi kleng ass (zB 24'') zielt zu Kannervelo an de meeschte Fäll wengt dem Gewicht an der Technik net fir sou eng Tour geegent.



Ausrüstung:

Helm:
Oblitatoresch-et wier och gut wann dee richteg gut géif setzen (kuckt d'Bildchen niewen drun). En Helm dee passt sollt net vum Kapp rutschen wann een de Kapp reselt-och wann en net festgeschnallt ass. Idealerweis setzt e wäit genuch no vir, dass en och d'Stir bei enger Chute schützt.


Hänschen
Ech recommendéieren wärmstens, Velos'hänschen, am bäschte mat lange Fangeren, unzedoen. Scho bei engem lichte Buedemkontakt deet ee sech ouni Hänsche séier wéi.


Rucksack
E klenge Rucksack fir eng Reejacket an e Bréitchen an en Ersatzschlauch dran ze machen.
Sonnecrème wier och ganz wichteg!! (am bäschten an eng Tuut machen, fir dass se net ausleeft)
Ganz gut wier, wa jiddereen 2 Müsliriegelen*/Daag dobäi hätt (2 am Rucksack, de Rëscht am Hüttesaack)
*Müsli oder ähnlech (näischt waat an der Hëtzt schmelzt)

Bidon sollt jiddereen um Velo hun (oder am Rucksack). Mir kennen déi regelméisseg opfëllen.

Fleckgeschier. Fir e Platten ze flecken, sollt jiddereen e passenden (*) Ersatzschlauch dobäi hun an eventuell Pneu'enhiewelen.
(*passend: mat deem selwechte Ventil wéi um Velo drop ass a virun allem fir déi richteg Radgréisst)
Fir all aner Reparatur déi kéint ufalen hun d'Guiden daat néidegt Geschier dobäi. OPGEPASST: mir hun net Zäit an d'Geschier dobäi, fir komplett Revisioune vun de Velo'en ze machen-déi sollten vun Ufank un tip top an der Rei sin!

Waat an den Hüttesaack kënnt:
An enger Sportstäsch kënnt der är Kleder fir owes noom Tour, dra verpacken, an alles waat der nach sou braucht, zB:
-Douche- a Wäschgeschier
-wann néideg deng Medikamenter
-Handduch
-Turnschlappen o.ä.
-Jogging an T-Shirt an evnt. Fleece (je no Wieder)
-Schloofsaack






Weider Info an Umeldung hei:
https://www.science-club.lu/event/3-deeg-mountainbike-an-natur-pur/








Streck:
http://g-o.lu/3/d96h





https://sites.google.com/site/bikerlu/100/bike.jpg








sämtlech Fotoe vun 2015 sin hei ze fannen

https://goo.gl/photos/gPwE7QsQeqR3HiMB6